Eng Stëmm fir Är Radiospots?

Mäin Numm ass Sacha Heck. Vu Beruff sinn ech Mediengestalter a këmmere mech ëm Grafik a Kommunikatioun an engem groussen Immobiliebetrib. A menger Fräizäit spillen ech gäre Musek als Keyboarder an a leschter Zäit haaptsächlech als Bassist a menger Band. Duerch d'Musekerszen war ech scho méi wéi eng Kéier an Opnamestudioen an hunn 2009 och emol e Radiospot opgeholl fir Eugène Hoffmann, hunn dësen awer leider ni héieren.

Mech géif et awer reizen, ab und zu mol meng Stëmm zu Verfügung ze stelle fir ee Spot wann et passt.

Hei drënner héiert Dir 2 Beispiller vu menger Stëmm vun 2 nogeschwatene Werbespots déi ech zoufälleg ausgewielt hunn. Wann dat Iech gefält, kontaktéiert mech einfach op sacha@sachaheck.net.

Keytradebank Spot

Air Rescue Spot